PostHeaderIcon Progress Report :)

Um Méinden, den 27.02 kruute mir en ausführleche Bericht iwwert onse Butz.

Hien ass elo 72 cm grouss an wait 9,9 kg :)

…hien leeft schon e puer Schrëtt alleng, klootert un de Miwwelen erop an erof, raumt d’Kicheschierf aus ..mee net méi an ;)

…hien fënnt verstoppten Spillsaachen erëm… an dréint de ganze Kierper zur Sait, wann een him eppes wëll eweg huelen

…hien fängt a rullt Bäll …an übt den “Pinzetten”grëff

…hien lauschtert interesséiert no, wann hien e Buch virgelies kritt an dréint gär selwer d’Saiten ëm

…hien reescht engem d’Hand oder wènkt, wann een “bye-bye” seet :)

…hien wackelt mam ganze Kierper, wann hien Musik héiert oder wann een him eppes virsëngt

… hien seet lo “umma, momma an appa”

an …ganz wichteg…hien ass eng kleng Waasserrat :)…an eng kleng Schmusepaan ;)

Lo muss hien just nach all daat HEI BEI ONS maan!!!!!!!

PostHeaderIcon Lonely Happy Birthday ….

Onsen groussen Jong kritt schon 1 Joer, ganzer 12 Meint, 52 Wochen…… Mir hun him alleguer Happy Birthday gesongen an en leckert Steck Kuch gies :)

PostHeaderIcon Xmas update

27 Dezember wor onsen Butzi 71 cm héisch an 9,9 kg schwéier. En kruut seng 2. Grippenimpfung an huet en halwen Zännchen. En zitt sech ewel un Miwelen erop fir ze stoen an dappt dann dolaanscht. Hien seet elo: “Umma” …. leider nees keng Foto :(

PostHeaderIcon Néien Bericht vun onsem Jasper

28 November 2011, … d’Mama huet Gebuertsdaag an den Jasper geet an d’Kontroll :)

Hien ass elo 70,2 cm héisch an wait 9,7 kg. Hien kruut och seng éischt Grippenimpfung.

PostHeaderIcon Onsen süssen Halloween’s Kado …..

Den 31ten Oktober ass den Jasper 69,1cm grous an weit 9,3kg. Een vun den Kommentare vum Dokter wor: ” Appearance : Cute & Fine ” , … daat héiert sech jo nawell süss un :)

Op der Foto as seng Pflegemam an ënnen sin, déi puer Saachen déi mer him gescheckt hun, ze gesin: eng CD mat Mama’s Lieblings-Bébélieder, dem Papa séin “Schnuffelduch” an  e puer Fotoen vun ons, fir daat hien net erschreckt wann hien eis fir d’éischt geséit ;)

 

PostHeaderIcon Neien Bericht vum Jasper

Mir kruuten haut, um Kathy sengem Gebuertsdaag, den läschten medizischen Bericht vun eisem Butzi geschëckt :)

Den Jasper ass elo 68,2cm grouss an weit genau 9 kg. Et ass alles an der Rei mat him, an en hällt sech schon un den Miwelen un fir duerch d’Géigend ze düsen ….. :D

Leider wor keng nei Foto derbai.

PostHeaderIcon 22 Sep 2011 – Yepieeeeeee

Endlech kruut mer den ersehntenen Telefon, … : Mir hun eng gut Nouvelle fir ierch. Dir kritt en klengen zockersüßen Jong.

Onsen Jasper ass elo 8 Méint an 2 ganzer Deeg aal. En ass 67 cm grouss an wait 8,6 kg an krabbelt schon gut duerch d’Land Richtung Schëffleng… :)

PostHeaderIcon 20 Jan 2011- Mokpo City – Süd-Korea


Den 20ten Januar 2011 wor onst Maya op  der Sich no deem schéinsten Bridderchen op der ganzer waiter Welt.

Et ass zu Mokpo City um 15:40 wou et hien endlech fonnt huet…

… sain klenge Bruder : JASPER :)

Wou d’Maya hien fir d’éischt gesin huet,

wor hien knaps 50cm grouss an huet 3,32 kg gewi’en.