PostHeaderIcon Daat as den Mueres Speech


Warning: Illegal string offset 'width' in /home1/thedimaggio/public_html/jasper/wp-content/plugins/the-very-simple-vimeo-shortcode/very_simple_vimeo_shortcode.php on line 33

Warning: Illegal string offset 'height' in /home1/thedimaggio/public_html/jasper/wp-content/plugins/the-very-simple-vimeo-shortcode/very_simple_vimeo_shortcode.php on line 39

Weisheit des Tages …… ween et net versteht as selwer Schold … ;)

 

PostHeaderIcon Daat lëtzebuerger Wieder mecht mitti ….

Mettesrascht wollt en keng haalen, et keint jo sin daat en eppes geing verpassen. Wann een dann am Auto en beschen geschukelt get dann schléift een einfach mol um Buedem op der Spilldecken weider. Wou en emgetippt ass haate mer d’Jacket nemmen hallef ausgedoen ;)

PostHeaderIcon Home sweet home ……..

Dem Jasper sein eischt Frühstück hei heem, …… no enger gudder Nuechti Schlof gesait d’Welt mol erem besser aus. Mir woren am ganzen baal 20 Stonnen ennerwee mam Jasper an hien huet dovunner just eng Keier en Kraichi gemeet. Tapferen klengen Kerelchen.

Fotoen vun der Rees kommen soubaal alles ausgepaackt ass ;)

PostHeaderIcon Ciao Ciao Seoul …..

Mueres as den Jasper en Engel, … spillen, laachen und co sin um Programm.

Papa: Jasper, … komm mir gin an d’Schwemm …

Jasper: Nenenene

Eischten Bilan: Ech mengen deng Mama get dech nie mei hier :D

PostHeaderIcon Ennerwee zu Seoul ….

Hei wore mer um Namsan Park oder och nach Seoul Tower genannt. Daat wor en scheint Steck bis erop, mee den Jasper huet daat relax beim Papa um Arm gemeeschtert :)

Um Bierg hun se ganz rondrem Gelänneren voll mat “Good Luck Locks”, Schlässer mat Nimm oder Wensch drop.

Mir hun natierlech onsen léiwe Kanner och zwee Steck dohinner opgehaangen :D

Den Jasper ass net frou mat der Sonn, mee d’Mama haat un alles geduecht, ….

Dei Foto hei huet net duefen feelen ! Den Jasper bei sengem eischten Pompjeeswon.

Owes huet den Jasper nach missen Model stoen. Dofier huet en d’Nuecht missen um Buedem verbrengen, arme Jong ….

 

PostHeaderIcon Eist Krümmelmonster schléift

Mir haaten gehofft mir hätten e puer Fotoen weider vun der Mettesrascht, ….. mee daat klappt nach net esou richteg …. just beim Papa um Arm geet daat ganz gut an ganz laaaaaannng, an daat steet am Konflikt mat Blogupdates ;)

Mir sin och doudmidd an gin och elo nana, … Seoul … Out … click.

PostHeaderIcon Endlech ageschloof ….

Haut just eng Foto, mir woren den ganzen Daag ennerwee, haaten keng Zait fir den Rescht ze verschaffen. Mir kommen der Idealmethode emmer mei no mam aschloofen. Mir léiren all Daag beseer mat onsem Jasper emzegoen :)

PostHeaderIcon Eischt Nuecht…

Un sech as et besser gaangen wei mer geduecht hun. Hien huet en beschen gekrascht wou en gemierkt huet daat Nanazait wir. An mir hun d’Gevill daat onsen Jasper net wees waat en Bett ass 8)

Mir hun dun awer d’Methode fonnt, … en ass 2 oder 3 mol wakreg gin an der Nuecht mee soss huet en awer duerch geschloof :D

Haut ass Fotoshoot ugesoot mam Dustin an mer mussen Schung fannen, dei dei mer matbruecht hun sin ze kleng.

PostHeaderIcon Elo get eecht ….

Daat wor am Taxi wou mer zerëck an den Hotel gefuer sin.

Just duerno huet en ugefaangen ze kraichen, … en huet no senger “Umma” geruff…ganz ganz vill…

huet ons d’Haerz esou schwéier gemeet.

Duerno doheem wore mer awer op eemol mid gin, ……..

Mee elo, .. sin mer nees do …. an mat Wuppes…. mir dappen, klammen, schwammen, sangen, an , an , an  …… Euhhh Mamma an Pappa wieselen sech oof ;)

PostHeaderIcon “Live” … vun Seoul ….


Warning: Illegal string offset 'width' in /home1/thedimaggio/public_html/jasper/wp-content/plugins/the-very-simple-vimeo-shortcode/very_simple_vimeo_shortcode.php on line 33

Warning: Illegal string offset 'height' in /home1/thedimaggio/public_html/jasper/wp-content/plugins/the-very-simple-vimeo-shortcode/very_simple_vimeo_shortcode.php on line 39