Ennerwee zu Seoul ….
Hei wore mer um Namsan Park oder och nach Seoul Tower genannt. Daat wor en scheint Steck bis erop, mee den Jasper huet daat relax beim Papa um Arm gemeeschtert
Um Bierg hun se ganz rondrem Gelänneren voll mat “Good Luck Locks”, Schlässer mat Nimm oder Wensch drop.
Mir hun natierlech onsen léiwe Kanner och zwee Steck dohinner opgehaangen
Den Jasper ass net frou mat der Sonn, mee d’Mama haat un alles geduecht, ….
Dei Foto hei huet net duefen feelen ! Den Jasper bei sengem eischten Pompjeeswon.
Owes huet den Jasper nach missen Model stoen. Dofier huet en d’Nuecht missen um Buedem verbrengen, arme Jong ….







Oh wéi schéin, eng léif kleng Famill!! Esou cool mam Sonnenbrell ;-)))
Kann ett kaum ofwarden den Rescht vun den Fotoen ze gesinn.
Cool pictures, love the one with the sun glasses….like father…like sun