Archive for the ‘Jasper’ Category

PostHeaderIcon Endlech …..

Jojo, …um Ufank wor en en “beschen” sceptesch, an wei den Tom … schei …. :) ……. lenks seng Foster Mam an riets Mrs Seo.

Mir woren inexistent, … mee en watschelt ganz witzeg :)

An dunn …..  no e puer Minuten huet en sech dun awer mol en beschen un den neien Appa getraut. Jo, .. en mecht anscheinend gären Fotoen ;) Den Familienbusiness ass geseschert :D

PostHeaderIcon Lues an lues komme mer un ….

Hei ass Insadong, do wou onsen Hotel ass. Do sin vill kleng Geschäfter an Restaurants, ganz flott an gemiterlech.

Daat dooten ass d’Vue vun onsem “Balcon” mueres.

Esou dir Leif, an enger Stonn leire mer den Jasper kennen…… ahhhhh d’Tania packt sech net mei :)

An den Tom, ……… as den Tom … konzentreiert, roueg, …. an een falscht Wuert dann geet et …. Bummmmmm :D

PostHeaderIcon Ons Rees …. den Ufank …. 18. an 19. September

Mir sin um 15:10 zu Letzebuerg fortgeflunn an sin um 10:50 (Seoul Zait) den Mueren geland. Mir sin nach en beschen groggy …… et as nach alles esou wei an engem Draam. Mir kruuten haut gesoot daat mer den Jasper en Freideg den Mueren um 10:00 siche gin. Allerdengs hun mer en SUPER Bonus kruut, den Jasper huet muer sein Check beim Dokter an mir duerfen do schon derbei sin !!!!

PostHeaderIcon Travel Call !!!!!!!!!

17. September :)


Voila, … mir kruuten endlech deen laang erseentenen Telefon den Metteg. D’Valisen sin gepaakt, an mir sin muer ab 15:10 ennerwee fir op Seoul :) Mier wessen nach net genee op mer den Jasper schon en Mettwoch kenne leiren oder en Donneschden, mee daat ass elo net mei wichteg …. mir updaten den Blog regelmeisseg mat Fotoen … :)

PostHeaderIcon grrrr ….sch…..nundi….

10. September
nees si mir iwwert d’Zaït.. mol nees eng Kéier…aus 3 bis 6 Wochen, si lo schon 8 Woche gin… :(

keng Foto

kee Bericht

keng Mail

a scho guer keen Telefon

:( :( :(

PostHeaderIcon Néie Bericht :)

Am Bericht vum 29.06 steet, dass den Jasper lo genee 77 cm grouss an 11,2 kg schwéier ass.

hien huet lo 4 Zännercher uewen an och 4 Zännercher ënnen :)

hien ka lo schon séier rennen an probéiert och schon Traapen ze goen..aiai!

hien krotzelt gär , stetzt begeeschtert kleng Bauklötz openeen an versicht mat Läffel a Forchette ze iessen

PostHeaderIcon Emmigration Permit accordéiert

06. August ;)

Mir kruuten haut eng mail, dass hien lo duerf aus SüdKorea ausreesen….;)…mee lo musse mir nach waarden, bis dass sain Pass ferdeg ass

minimum 1 Woch ;) yeahhhh…maximum 4 Wochen :(….Aaaahhhhh!!!

allez! mir hoffen lo mol ob déi gëlle Mëtt ;)

PostHeaderIcon Emmigration Permit

Haut den 16. Juli , op onsem Hochzaitsdaag ;)

kruute mir déi suuuper guuuutttttt Nouvelle, dass dem Jasper seng “Ausreiseerlaubnis” kuerz EP ugefroot gin ass :)

Ufff…. endlech nees e Schëtt an déi richteg Richtung!!!!

D’AIAE seet dass et lo nach ongeféier 4 bis 6 Wochen dauert, bis dass mir onsen, lo schon grousse Jong, duerfe sichegoen.
D. h. tëschend dem 13.August an dem 03. September duerfe mir endlech mat deem längst fällegen Telefon rechnen an ons an de Fliiger sëtzen!

 

PostHeaderIcon NEWS !!!

Mir kruuten endlech Nouvellen iwert onsen Jasper ……. mir sin déi 6 Famille an der Réi an all Mount gin 2 Familjen hier Kanner op Seoul sichen. Daat heescht am August sin mir drun ….. normalerweis … :)

Mer hun dann awer och néi Fotoen kruut vun onsem Butzi. (Den Papa kann et kaum erwarden mol selwer Fotoen duerfen ze maachen)

PostHeaderIcon Bericht vum Jasper

Mir hun den Bericht vum 28/02/2012 vun onsem Sputzi kruut. Hien ass elo 73cm grouss an weit 10.4 kg. Den Jasper kruut erem e ganze Paak Impfungen … ouch ouch .. :(

En huet 4 Zännecher uewen an 2 ënnen. Hien huet souguer schon den Rëckgang font ;) an ass musekalesch veranlaagt, en mecht Musek mat 2 Küben. En wengt Äddi an kann schon “Mamma” an “Pappa” soen.